De Pit Scholtes ass de Gewënner vun der Aktioun "Mir fëllen Äre Caddie"
Fir Chrëschtdag wollte mir e puer Leit iwwerraschen. Dowéinst hate mir Iech gefrot, wiem Dir eng Freed maache wëllt.
D'Präisdeierecht ass ewell däitlech ze spieren. D'Haiser, de Bensinn, d'Liewensmëttel, iwwerall klammen d'Präisser. D’Joer 2022 geet finanziell gesinn net einfach op en Enn a vill Leit struewelen hei am Land.
Kuerz virun de Feierdeeg wollte mir enger Persoun eng kleng Freed maachen an hir souzesoen "de Caddie fëllen".
Op eisen Opruff hat sech ënner anerem d'Tania Scholtes vu Rued/Syre gemellt. Si wollt hirem Mann, dem Pit Scholtes eng Freed maachen, well hien "alles fir déi 6-Käppeg Famill doheem mécht".
Mat engem Chèque-Cadeau am Wäert vu 400 Euro gouf de Pit Scholtes an der Entrée vun engem Supermarché um Houwald vun eiser RTL-Ekipp empfaangen. Op eis d'Iwwerraschung gelongen ass?