De Georges Christen gëtt 60 Joer al

De Georges Christen koum den 21. Dezember 1962 op d'Welt. Wéi op sengem Internetsite ze liesen ass, wier hie schonn ëmmer zimmlech staark gewiescht.
Ma mat 16 Joer hätt hien ugefaangen eng Stäerkt ze entwéckelen, déi definitiv aussergewéinlech wier.
Säin éischte Weltrekord hat hien den 3. Dezember 1982 am Alter vun 19 Joer opgestallt. Bannent 72 Minutten a 55 Sekonnen hat hien 250 Neel mat enger Längt vun 20 Zentimeter an engem Duerchmiesser vu 7 Millimeter mat den Hänn gebéit. Domadder hat hien den ale Rekord ëm ganzer 200 Neel iwwertraff.
Tëscht 1982 an 2004 hat hien am Ganzen 22 offiziell Weltrekorder opgestallt, dorënner och ganz spektakulärer. Esou hat hien zum Beispill 3 Fligere vum Typ "Cessna" dovun ofgehale fortzefléien, obwuel hir Mottoe mat voller Kraaft gelaf waren. Dat andeems hie Kabelen, déi un de Maschinne befestegt waren, ugehalen hat. Dobäi hat hien ee Kabel an all Hand an en drëtten tëscht den Zänn.
Viru Kuerzem huet de Georges Christen dann och seng Qualitéiten als Ambassadeur bewisen. Ugangs November war de Microsoft-Grënner Bill Gates zu Lëtzebuerg op Besuch an nawell sichtlech beandrockt, wéi hien de stäerksten Awunner vum Grand Duché kennegeléiert huet.