Bei der Famill Willis gëtt et Nowuess. D'Schauspillerin a Sängerin Rumer Willis an hire Frënd Derek Richard Thomas erwaarden hiert éischt Kand.

Mat 60 Joer ginn d'US-Actrice Demi Moore an hiren Ex-Mann Bruce Willis (67) deemno Grousselteren. Hir Duechter Rumer Willis huet en Dënschdeg e puer schwaarz-wäiss Fotoe vu sech mat Babybauch op Instagram gepost.

Déi zukünfteg Boma huet kuerz drop op hirer Instagram-Säit reagéiert: "Ech trieden a meng 'hot', geckeg Boma-Ära an".

D'Rumer ass dat eelste Kand vum Demi Moore a Bruce Willis. D'Koppel war vun 1987 bis 2000 liéiert an huet zesummen nach zwee weider Meedercher: d'Scout, 31 Joer an d'Tallulah, 28 Joer. 2009 huet de Bruce Willis sech mam Emma Heming bestuet an och si hunn zesummen zwee Meedercher.