Citroën baut eng "antik" Versioun vun der Deux Chevaux (2CV)

© Citroën
Am neien Asterix-Film wäert een eng antik "Int" gesinn. Mat um Gefier ze fannen: Rieder aus Schutzschëlder a Luuchte mat Gehaansfénkelcher.
De Film "Astérix et Obélix: L'Empire du Milieu", deen am Februar seng Premier soll hunn, baséiert net, wéi vill vu senge Virgänger, op ee eng vun de traditionelle Bandes dessinées, mä ass virun allem fir de chinesesche Maart konzipéiert ginn. Hei huet ee sech dann e grousst Beispill un der James-Bond-Rei geholl, wou Produktplacement eng grouss Roll spillt, an hu vill verschidde franséisch Produite mat an den neien Asterix-Film bruecht.
Dorënner dann och den "Ururururgrousspapp" (oder nach méi al, ëmmerhi schreiwe mer am Film 50 viru Christus) vum franséische Kultauto 2CV vu Citroën. De franséischen Autoshiersteller erhofft sech mat dësem réimesche "Sträitwon" am Kult "Deux-Chevaux"-Stil, fir am asiatesche Raum méi op de Schierm vu potentielle Keefer ze kommen. Nieft dem Film huet Citroën sech awer och eng clever PR-Campagne afale gelooss, ënnert anerem mat enger Reklamm fir dëse Won, deen ee vum I.II.MMXXIII an de Kinoe ka gesinn.