Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm e saisonaalt Kachbuch, d'Lidd "Everlasting Christmas" an eng WM am Wäischmaachen.

De Christophe Fiegen ass Kach a suergt mat sengem Kachbuch "Luxemburg Saisonal" dofir, dass mir net vun de Been falen. Opgedeelt op déi 4 Joreszäite fënnt een op 258 Säite ronn 60 Rezepter an dobäi och ëmmer Tipps vun der Diététicienne. Op der Tëlee konnt een de Christophe schonn an diverse Rollen erliewen. Emol als Grillmeeschter, hien huet gewisen, wéi een e Picknick zesummestellt a war Jurysmember vum Mastercook. No senger Zäit "A Guddesch" zitt et hien elo als Kachproff an d'Ecole nationale pour adultes. D'Buch ass op Däitsch a gouf komplett zu Lëtzebuerg gemaach.

RTL

De Christophe Mirkes beherrscht net just Gei a Piano, mä de Museker huet sech elo mat sengem Lidd "Everlasting Christmas" veréiwegt. No senger musikalescher Formatioun zu Iechternach an an der Stad, huet hien zu Graz, Sydney a Barcelona Gei studéiert. Am September 2021 ass hien op Berlin geplënnert an zanterdeem komponéiert hien net just zäitgenëssesch Musek, mä och Popsongs. "Everlasting Christmas" ass seng 8. Produktioun, déi hien zanter Mäerz 2021 erausbruecht huet an an Aarbecht ass en Album mat engem Mix aus Popsongs a klassescher Musek.

RTL

De Guy Bosseler ass aktuelle Weltmeeschter. Hien ass net just frou mam Wäin, hie kann en och ouni ze kucken erausschmaachen. De pensionéierten Enseignant huet iwwer déi lescht 30 Joer vill Experienz gesammelt. Mat 139 Punkten huet Lëtzebuerg déi 10. Editioun vum Championnat vun der Degustatioun "à l'aveugle" am Oktober zu Aÿ a Frankräich gewonnen. 31 Ekippen aus aller Welt hunn 12 Wäiner blann geschmaacht. Zesumme mam Zaiah Amann, Hervé Amann, Jules Hoffelt an hirem Trainer Daniel Poos, hu si zu hirer 5 domadder den Titel vun Ungarn iwwerholl.

RTL