Den 30-Joer-alen Tory Lanez riskéiert 22 Joer Prisong. D'Uerteel gëtt Enn Januar gesprach.

Den Tory Lanez huet op d'Megan Thee Stallion geschoss - de kanadesche Museker gouf hënt eiser Zäit vun engem Geriicht zu Los Angeles dowéinst schëlleg gesprach.

Wéi d'Megan Thee Stallion 2020 no engem Sträit aus dem Auto geklommen ass an deem déi zwee ënnerwee waren, hätt hien e puer mol op hir Féiss geschoss a si ugestallt, ze danzen, nodeems hien eng fraefeindlech Bemierkung gemaach huet.

D'Grammy-Gewënnerin huet viru Geriicht ausgesot, si hätt sech net direkt getraut der Police ze soe wat geschitt war, wéinst deene ville Fäll vu rassistescher Policegewalt zu där Zäit an den USA.