No 2 Joer pandemiebedéngter Paus gouf e Sonndeg den Owend nees den "Zürcher Bal" organiséiert. Et ass mëttlerweil déi 60. Editioun.

Iwwer 4.500 Jonker koumen op de Bal. Domadder ass den "Zürcher Studentebal" dee Gréissten am Land. Dëst Evenement gehéiert zu Chrëschtdag ewéi d'Bullen un de Beemchen. A ganz niewebäi war et dëst Joer schonn déi 60.Editioun.

Wärend zwee Joer konnt dëse Bal wéinst der Pandemie net organiséiert ginn. D'lescht Joer gouf en a leschter Minutt wéinst der Corona-Situatioun annuléiert. Dat bestallte Gedrénks an d'Locatioun vun der Luxexpo hunn d'Studenten net bezuele missen. Et gouf eng finanziell Hëllef vum Staat. D'Fraise vu sou enger Organisatioun belafe sech ëm 130.000 Euro.

Feieren, sech ameséieren an dobäi nach Kolleegen erëmgesinn, déi ee scho laang net méi gesinn huet. Dat eleng ass Ursaach genuch, fir sech um "Zürcher Bal" ze weisen.

Mat den NOISEMAKERS, enger Live-Band an zwee wuelbekannten DJen, dem DJ Nosi an dem Flex Diamond, haten d'Organisateure vum Bal d'Crème de la Crème aus dem Lëtzebuerger Nuetsliewen engagéiert.

Bis déif an d'Nuecht era gouf gesongen, gedanzt a gefeiert. An deem Rhythmus geet et wuel och bis an d'Neit Joer eran.