Wëllkomm op der WeltDen 1. Puppelche vum neie Joer heescht Liv

Samantha Weber
Wärend d'Leit uechtert d'Welt nach op dat neit Joer ugestouss hunn, huet d'Famill van Vooren en neie Familljemember bäikritt.
© Pierre Weimerskirch

Den 1. Januar um 00h21 Auer ass dat klengt Liv mat enger Gréisst vun 48 cm an 3.200 Gramm an der Maternité an der Stad als éischt Kand 2023 zu Lëtzebuerg gebuer.

Dem Liv van Vooren a senger Mamm Anaïs, déi vu Messancy ass, geet et gutt. De Papp Romain an hire zwee Bouwen hu sech immens iwwert den Nowuess an der Famill gefreet.

Back to Top
CIM LOGO