Den 51 Joer ale Schauspiller soll en Accident gehat hunn, wéi e Schnéi ewech geraumt huet, heescht et vun "Hollywood Reporter".

Seng Famill wier bei him an e géif optimal versuergt ginn, heescht et weider. Detailer vum Accident ginn et keng.

De Renner huet en Haus mat Terrain an der Géigend vu Reno, eng Regioun am Nevada, déi uerg vum Wanter an de leschten Deeg betraff war. Mëtt Dezember hat de Renner op Twitter eng Foto verëffentlecht, wou ee gesäit, wéi säin Auto komplett ageschneit war.

Tweet Renner

Den Jeremy Renner war 2010 fir seng Roll am "Hurt Locker" fir en Oscar nominéiert an huet zanterhier an e sëllege Blockbuster matgespillt, sou z.B. bei Mission Impossible, The Avengers, Thor, Hansel & Gretel oder The Bourne Legacy.