De Prënz Harry mengt net, datt seng Famill sech mat him verdroe wëllt

© AFP
De Prënz Harry hätt gäre rëm ee bessert Verhältnis zu senger Famill, mee déi aner Säit wéilt dat net. Nächst Woch kënnt dem Harry seng Autobiografie eraus.
Nächsten Dënschdeg kënnt dem brittesche Prënz Harry seng Autobiografie eraus. Am Virfeld huet hien dem Tëleessender ITV een Interview ginn. Hie wéilt säi Papp a säi Brudder zeréck hunn, ma déi aner Säit wéilt dat net. D'Sunday Times zitéiert iwwerdeems eng Quell, déi d'Buch scho gelies huet an där no de Prënz William a seng Fra Kate doran net gutt ewechkommen. De Kinnek Charles III kéim par conter besser ewech wéi erwaart. Den Harry a seng Fra Meghan hu sech am Joer 2020 vun hire royale Flichten zeréckgezunn a liewe mat hiren zwee Kanner a Kalifornien.