Fir de Beruffspompjee Jeannot Filbig an de fräiwëllegen Ambulancier Georges Battin war d'Enn vum Joer 2022 och de Schluss vun hire beruffleche Karriären.

Fir de Jeannot Filbig, dee Beruffspompjee an der Kasär op der Cloche d'Or war, war déi lescht Silvesternuecht eng ganz speziell: Et war säi leschte Schaffdag, éier et an d'Pensioun geet. D'Freed an d'Enttäuschung doriwwer hale sech d'Wo. De Jeannot war Chef vun enger Ekipp an de Kontakt mat senge Leit wäert him wuel am meeschte feelen.

"Mir hu momentan eng ganz gutt Ekipp, wou d'Ambiance eigentlech super ass. Ech huele schonn un, datt mir dat wäert feelen."

Hie selwer hannerléisst als sympatheschen a witzege Chef, dee vill Erfarung matbruecht huet, e grousst Lach.

Wärend 28 Joer huet de Jeannot als Beruffspompjee geschafft, wou Dages- an Nuetsschichten um Programm stoungen. An all deene Jore gouf et ganz vill Asätz um Terrain, déi eng si gutt ausgaangen, un aneren huet een alt méi laang dru geknabbert.

"Wann ee Saachen erlieft huet, zum Beispill mat Kanner, déi verongléckt sinn oder Jugendlecher oder Leit, déi vun der Bréck gespronge sinn. Zemools wann een dann nach op der Bréck war, wa se gespronge sinn.. Dat sinn ebe Saachen, déi net esou schéi sinn."

An der Kasär zu Mamer war de Georges Battin doheem. Zanter 1980 war hie fräiwëllegen Ambulancier - ugangs beim Roude Kräiz elo beim CGDIS.

"Am Endeffekt muss ech soen, et huet mir immens Spaass gemaach. Mir haten och duerch d'Rout Kräiz ganz vill Projeten. Ech war och responsabel iwwert d'ukrainesch Kanner, déi mer opgeholl hunn an déi op Stroossen hu misse gefouert ginn, fir do mam Häerz operéiert ze ginn. Ech hunn d'Kanner ëmmer dohi gefouert a si se och op de Fluchhafe siche gaangen."

Wärend 13 Joer war de Georges zu Mamer aktiv, elo ass Feierowend. Obwuel ganz ophale geet dann awer net.

"Ech hunn dem Chef proposéiert, datt ech Pompjee de support géing maachen, fir Ambulanzen oder Pompjeesautoen op Sandweiler ze féieren."

Ob elo de Georges Battin oder de Jeannot Filbig - fir béid Häre fänkt elo en neit Kapitel an hirem Liewen un.