D'Statistescht Bundesamt an Däitschland huet matgedeelt, dass bei eisem däitschen Noper an all véiertem Stot e Fitnessgerät steet.

Ufank 2022 goufen et 12,5 Millioune Ruddergeräter, Stepper, Speedbikes, Hometrainer oder Lafbänner, verdeelt op 10,4 Millioune Stéit.

Am Verglach mam Joer 2017 war dat eng liicht Hausse. Deemools war den Undeel vun de Fitnessgeräter pro Stot bei 25,3%, géintiwwer 27,2% am Joer 2022.

Dass et der elo méi wieren, wier och op d'Corona-Pandemie zeréckzeféieren. Den Trend géif och dohi goen, dass munch Leit sech en zweet oder drëtt Gerät zouleeën.

Ëmfro