54 Joer nodeems de Film "Romeo a Julia" vum Regisseur Franco Zeffirelli an d'Kinoe komm ass, maachen zwee Acteuren eng Plainte géint d'Produktiounsfirma.

Well si am Film "Romeo a Julia" aus dem Joer 1968 plakeg ze gesi waren, hunn d'Schauspiller Leonard Whiting an d'Olivia Hussey eng Plainte géint d'Produktiounsfirma eragereecht. Si fuerderen eng dräistelleg Milliounenzomm vu Paramount Pictures. D'Hussey an de Whiting haten deemools 15 respektiv 16 Joer.

Si soen, datt de Regisseur Franco Zeffirelli si zur Zeenen iwwerriet hätt, mam Argument, datt de Film soss kee Succès géing ginn. Hien hätt zudeem versprach, datt si beige Ënnerwäsch dierften unhalen. Ma a Wierklechkeet wiere si deels heemlech plakeg gefilmt ginn.

Déi héich Zomm, déi si fuerderen, begrënne si domat, datt si zanter der Publikatioun vum Film séilesch Qualen erlidden an nëmme begrenzte Succès an hirem Beruff gehat hätten. D'Hussey an de Whiting haten deemools allen zwee ee Golden Globe fir hir Leeschtung kritt. D'Hussey hat d'Zeen nach 2018 an engem Interview mat der Zäitschrëft "Variety" verdeedegt. D'Plainte gouf um leschten Dag wou et méiglech war, eragereecht. De Regisseur Franco Zeffirelli ass iwwerdeems schonn am Joer 2019 gestuerwen.