A senger mat Spannung erwaarter Autobiographie erzielt de Prënz Harry vun engem kierperlechen Ugrëff duerch säi Brudder am Joer 2019.

Dat huet de brittesche "Guardian" gemellt. Der Zeitung läit eng Kopie vum Buch vum Prënz Harry vir, dat eréischt nächst Woch en Dënschdeg soll offiziell erauskommen.

Et soll 2019 deemno zu engem heftege Sträit tëscht de Bridder komm sinn an de Prënz William kritt kierperlech Gewalt reprochéiert. Ausléiser vum Virfall, dee sech am Nottingham Cottage an der Kiche soll zougedroen hunn, soll d'Bezéiung vum Prënz Harry zu senger haiteger Fra Meghan gewiescht sinn. De William soll säi Brudder deemno a senger Wunneng zu London op de Buedem gestouss hunn.

Am Sträit soll de William d'Meghan als "schwiereg", "onhéiflech" a "ruppeg" bezeechent hunn. Hien hätt säi Brudder um Kolli geholl an hien dono ëmgestouss, dobäi soll eng Halskette futti gaange sinn. Den Harry wier an enger Hondsschossel gelant, déi gebrach wier. Hien hätt sech souguer un enger Schierbel geschnidden, heescht et weider am Buch.

Den Harry hätt säi Brudder, dee sech entschëllegt hätt, dono opgefuerdert ze goen. Iwwert dem Erausgoen, hätt dëse sech awer nach emol ëmgedréint a gesot: "Dat brauchs du dem Meg net ze zielen". Op dem Harry seng Fro, ob hien domat den Ugrëff géing mengen, hätt de William geäntwert: "Ech hunn dech net ugegraff, Harold."

Den Harry a seng Fra Meghan hu sech am Mäerz 2020 offiziell vun hire royale Flichten zeréckgezunn. Si liewe mat hiren zwee Kanner, dem Archie vun 3 Joer an dem Lilibet (1), am Meghan hirer Heemecht Kalifornien. Schonn am Dezember hat d'Koppel an enger Netflix-Dokuserie Virwërf géint d'Kinneksfamill erhuewen.