Iwwert d'Traditioun vun Dräikinneksdag
Wann een haut bei de Bäcker geet, kënnt ee kaum derlaanscht. D'Vitrinne sti voller Gebäck mat Krounen drop.
De Kuch op Dräikinneksdag ass eng Traditioun, zu Lëtzebuerg an doriwwer eraus.
Vu wou kënnt d'Traditioun?
Am réimesche Räich koum dës Iddi op. Fréier huet een um 6. Januar un de Gott vun de Baueren, de Saturn geduecht. Et gouf Kuch giess an eng Boun war dra verstoppt. Wien d'Boun fonnt huet, gëtt, wien hätt et geduecht, de "Bounekinnek".
Dëst Fest ass esou beléift ginn, datt an enger ganzer Partie Länner d'Chrëschten och Gefalen dorunner fonnt hunn. Wat mir haut als chrëschtlecht Fest ugesinn, huet säin Ursprong an enger réimescher Traditioun. Deemools war also net, wéi bei eis haut, eng Plastikfigur dra verstoppt, mee eng richteg Boun. 1952 huet een aus dem Bounekuch, dunn dee Kuch gemaach, dee mir haut kennen. Dat waren d'Bäckeren, déi hu sech geduecht, datt ee mat dëser Iddi och ka Sue maachen.
D'Lisa Weisgerber an de René Pfeiffer waren e Freideg de Moie fréi schonn an enger Lëtzebuerger Bäckerei.
De ganze Reportage den Owend am Journal.