An der Emissioun Promi-Spot huele Lëtzebuerger Perséinlechkeeten ons mat op hir Liblingsplaz an huele sech Zäit fir e ganz privaten Interview.

Presentéiert gëtt Iech d'Emissioun e Freideg den Owend vum Loïc Juchem an hien huet de Gauthier Destenay op Besuch. De Mann vum Xavier Bettel ass net dacks an de Medien ze gesinn an ze héieren, am RTL-Interview wéist hie sech awer emol vu senger privater Säit a verréit eis och, wéi déi 2 sech kennegeléiert hunn a wéi et ass, de Mann vum Staatsminister ze sinn.