Den Dkollektiv bréngt nees Liewen op Diddelenger Schmelz.

Et gëtt nees geschafft op der Schmelz zu Diddeleng. Néiergelooss huet sech am fréieren Hall des Vestiaires et Waggonages den Dkollektiv. E Grupp vu Kënschtler a Leit aus der Ëmgéigend, déi sech dofir asetzen, dass d‘Geschicht vun der Stolindustrie erhale bleift an eng Plaz entsteet, wou ee sech treffe kann a mat hëllefe kann, aus eppes Ales nees eppes Neies - mat Geschicht - ze maachen.

Eemol am Mount treffe si sech den Ament do, fir weider un der Hal ze schaffen. Dobäi sinn der Imaginatioun an der Kreativitéit keng Grenze gesat. Wéi d'Hal duerno soll ausgesinn, weess een nach net. Et léist ee sech dreiwen an et wéilt ee virun allem d'Leit aus der Noperschaft mat abezéien, well d'Dier steet op fir jiddereen, dee Loscht huet eng Hand mat unzepaken, ganz nom Motto:

"Komm mat eis Kniwwelen. Et ass esou: Spaass um zesummen eppes Maachen. Sief et kachen, sief et de Gaart maachen, sief et Konstruktioune maachen, sief et och experimentell schaffen. Eemol Saache probéieren, wou een am Ufank denkt: „Uh dat ass sou zimmlech komesch“. Einfach Loscht um zesummen eppes maachen."

Iwwert de Summer goufen och eng Rei Workshops ugebueden, zesumme mam "Centre de la Promotion des Arts". An och den Ament lafen der e puer vun deene weider. Et geet drëm, fir d'Leit nees mam Handwierk vertraut ze maachen an hinnen ze weisen, wéi a wat ee mat bestëmmte Materialie maache kann. An och wann een handwierklech net begaabt ass, sou gëtt et baussen e Gaart un deem ee sech ka bedeelegen, an et ginn och ëmmer nees Leit gebraucht, fir eppes ze kachen op deenen Deeg, wou geschafft gëtt.

Fannt all d'Episode vun der Serie "Den Noperschaftstreff" op RTL Play.