Spillautoe sinn eppes fir Jongen? Zwar net, well deen éischte Matchbox Auto huet säin Erfinder fir seng Duechter gebaut.

Eng al brittesch Schoultraditioun huet dozou gefouert, datt mir haut nach ëmmer Matchbox ze kafe kréien, erkläert de Jang Birsens, passionéierte Sammler vun deene klengen Autoen an der Fixfeierkëscht:

"En Ingenieur vu Lesney, den Jack Odell, deen hat e Meedchen, Anne huet dat geheescht, a si duerfte fréier an England eng Spillsaach mat an d'Schoul huelen, déi net méi grouss war wéi eng Fixfeierkëscht. An dat Meedchen huet Spannen, Wierm, Insekten ebe matgeholl an dat huet der Joffer net gefall. Dunn huet de Papp, den Jack Odell, eng kleng Walz gebaut, 1953, an an d'Këscht gemaach an dat koum esou gutt u bei de Kanner, dass hie siwe Modeller dunn entworf huet."

Extrait Jang Birsens (1)

An esou huet d'Erfollegsgeschicht Matchbox hiren Ufank gefeiert. Dat war viru ronn 70 Joer. Deen 1. grousse Succès hat Lesney da mat hirem Modell vun där Kutsch gefeiert, mat där d'Queen 1953 zu hirer Kréinung gefouert gouf: "Si haten eng Kutsch gemaach fir 15 Joer Jubiläum vum King George um Troun an do ass hie jo gestuerwen a si hunn déi kleng Kutsch ëmgebaut an déi ass bal 1 Millioun Mol verkaf ginn".

Extrait Jang Birsens (2)

Dës Kutsch huet da souzesoen de finanzielle Grondstee fir d'Expansioun vun der Firma Lesney gesat. Séier koumen du weider Modeller eraus a goufen och an d'USA exportéiert.

Ma de Succès sollt awer net éiweg unhalen. Enn der 1960er Joren huet déi amerikanesch Firma Mattel kleng Hotwheels Autoe op de Maart. Dës waren a punkto Vitess der Konkurrenz e Schratt viraus. Matchbox huet reagéiert a "Superfast" Modeller produzéiert. Kuerz drop huet een dann awer och missten d'Produktioun a China verleeën, well et a Groussbritannien einfach ze deier ginn ass. Ma och dat huet laangfristeg net gehollef, well 1982 war d'Firma Lesney faillite. Ma d'Mark "Matchbox" huet alt iwwerlieft a gehéiert haut och der Firma Mattel. "De Moment ass rëm e Matchbox-Boom, wou se och net nëmme fir dee klenge Portmonni produzéieren, mee och fir de Sammler eben. Si brénge verschidde Modeller eraus, déi wierklech flott gemaach sinn."

Extrait Jang Birsens (3)

Am Ganze goufe méi wéi 12.000 verschidde Matchbox-Modeller gebaut, vill dovunner a verschiddene Varianten a Serien a Verschiddener sinn haut Sammlerstécker. Eleng bis 2007 goufen am ganzen 3 Milliarden där klenger Autoe gebaut.

Eng Fro bleift allerdéngs nach op an zwar déi, wéi vill Autoen an deene siwe Joerzéngten déi sëllege Courses poursuites um Tapis oder an der Sandkëscht onbeschiedegt iwwerstanen hunn. Fir jiddereen, dee sech fir déi kleng Autoen an de Fixfeierkëschten interesséiert, lount sech iwwregens e klengen Ausfluch an de Matchbox Autoe Musée bei de Jang Birsens op Hénkel.