An den 80er an 90er Joren huet dat däitscht Modell zu de bekanntste Mannequinen op der Welt gezielt.

Den Duerchbroch als Modell hat d'Patitz duerch eng Campagne fir Levi's an huet dono zu de gefroteste Mannequinen an den 80er an 90er Jore gezielt.

Nodeem si vu Paris an d'USA geplënnert war, huet si och probéiert, fir Filmkarriär un d'Goen ze kréien. Dobäi hat si Bezéiunge mat de Schauspiller Richard Gere, Johnny Depp oder Pierce Brosnan a war och mam Museker Seal zesummen. Bestuet huet si 2003 de Geschäftsmann Jason Johnson, mat deem si ee Jong hat. Bis zu der Trennung 2009 huet si am kalifornesche Malibu gelieft an ass dono op Santa Barbara geplënnert.

Ville Leit dierft d'Tatjana Patitz och e Begrëff sinn, wéinst hirer Roll am Georges Michael sengem Museksvideo zum Song "Freedom".

D'Agence vum fréiere Supermodel huet matgedeelt, datt d'Tatjana Patitz gestuerwen ass. En Doudesgrond gouf awer bis ewell net verëffentlecht.