Am Live! Planet People goung et dëse Freideg ëm en Theaterprojet am Chile, ëm zwou Persounen op Weltrees an ëm Saxitude.

Fir d'Diane Catani huet no 14 Joer am Chile, an hirer Aarbecht mat Kanner am Aarmevéirel, en neit Kapitel ugefaangen. Mam Theaterprojet 'Teatro Bus Chile' hat d'Diane sech en Dram erfëllt, an och wann et si elo nees mat hirer Famill op Lëtzebuerg verschloen huet, wou hiren chilenesche Mann an déi 2 Kanner sech séier agelieft hunn, geet de Projet mat Hëllef vu Lëtzebuerger ONGe weider. D'Zäit am Chile war eng intensiv, mat den Onrouen am Land, enger Kriminalitéit, déi gewuess ass an der Pandemie, wou d'Reegelen ganz strikt agehale goufen. Elo gëtt heiheem vu gratis Schoulbicher, Kannergeld an engem funktionelle Gesondheetssystem profitéiert. An och d'Sécherheet an d'Natur sinn en Atout. www.teatrobus-chile.com

RTL

Den Dany Scholten an d'Eline Delcourt sinn zanter 1 Joer op Weltrees. Momentan sinn déi Zwee zu Phuket, ier nach 12 Deeg Vietnam um Programm stinn, a se sou lues drun denken nees Heem ze kommen. Nom Doud vum Dany senger Mamm huet de bekannten Handballspiller en Tapéitewiessel gebraucht. Zimmlech séier stoung fest, fir eng Weltrees ze maachen. Zesumme mat de Filzis, hiren 2 Maskottercher konnt een op Instagram materliewen, wou déi zwee sech opgehalen hunn. Vun engem Eco-Camp a Patagonien goung et op Rio de Janeiro, d'Westküst erlaanscht vun San Diego bis San Francisco. Awer och Hawaii, Australien an d'Fidschi Inselen waren e puer vun den Etappen. Chrëschtdag hu se zu Sydney gefeiert a Silvester zu Adelaide.

RTL

Fir de Robi Arend kommen an 19 Joer 1.000 Concerten mat 'Saxitude" zesummen, an elo endlech geet et och an d'Philharmonie. E Samschdeg um 19.30 Auer spillen déi 4 am prestigiéise Sall, nodeems se scho sou zimmlech iwwerall op der Welt mat hirem Saxophon gespillt hunn. Europa, Asien, Afrika an Amerika hu si mat hiren Instrumenter gesinn, an op Festivaller an der Schwäiz, Holland, am Taiwan, China an am Marokko hunn déi véier gespillt. 'Saxitude" si reegelméisseg déi musikalesch Begleedung op Staatsvisitten oder spille Concerte fir déi groussherzoglech Famill. 2003 gouf de Quartett gegrënnt, deen am Laf vu bal 20 Joren schonn 8 Disken erausbruecht huet.

RTL