Zwou Wochen ass et elo al, dat neit Joer. Vill Leit notzen dee Stéchdatum jo fir eppes an hirem Liewen z'änneren.

Mol bësse méi Sport maachen oder iwwerhaapt mol mat Sport ufänken. Lafe, Schwamme, Fitness... Dat spiert een och an de Fitnesszenteren hei am Land, wou op ville Plazen och dëse Januar nees méi Leit op Lafband, Spinning-Vëlo a Co ze gesi sinn. Ma wéi laang halen d'Leit des gutt Virsätz an? Mir hunn am Fitness-Zenter nogefrot.