Den Hobby-Fotograf reest ronderëm d'Welt fir déi schéinste Motiver ze fannen. Dobäi dréit et sech awer net ëm Landschaftsbiller, Déieren oder Topmodelen.

Dem Paul Link seng grouss Leidenschaft gehéiert de Fligeren. Sief et Airbus, Jumbojet oder Boeing - hie kennt se alleguerten aus dem FF. Esouguer Privatjette vun Prominente krut hie scho virun d'Lëns. Mir hunn de Fotograf op der Insel Mallorca bei senger Passioun dem "Plane Spotting" begleet.