"Denglisch" misst mëttlerweil fir de Gros vun de Leit e Begrëff sinn, ma wéi ass et mat Lëtzebuerger Ausdréck wuertwiertlech op Englesch iwwersat?
D'Kolleege vum Radio hunn den Opruff bei eisen Nolauschterer gemaach, englesch Kreatiounen a witzeg Kombinatiounen eranzeschécken.
Mir hunn der e puer "Luxlish"-Wierder fir Iech erausgepickt:
- Cheesecornerer - Kéisécker
- I was not so king - Ech war net sou kéng
- Firestonesalad - Feierstengszalot
- Do that the church stays in the village - Maach, dass d'Kierch am Duerf bleift
- You can me once - Du kanns mech mol
- This goes on no cow skin - Dat geet op keng Kouhaut
- He has lost his slippers - Hien huet d'Schlappe verluer
- Station the pants - Gare la Box
- I have the cheese - Ech hunn de Kéis
- I show you how the bunny runs - Ech weisen Dir wéi den Hues leeft
Wéi gesot, dëst si just e puer Beispiller, déi ganz Selektioun fannt Dir HEI.
Vill Spaass beim schmunzelen!
Am meeschte gelies