D'Kréinung vum King Charles III. ass déi éischt a Groussbritannien zanter 70 Joer. Dräi Deeg laang gëtt gefeiert.

Bei enger Zeremonie eleng soll et net bleiwen. Mat engem grousse Concert a Stroossefester am ganze Vereenegte Kinnekräich soll d'Kréinung vum neie brittesche Kinnek gefeiert ginn. De Buckingham Palace huet elo éischt Detailer zum laange Kréinungsweekend vum 6. bis den 8. Mee bekannt ginn.

Deemno ass d'Zeremonie selwer e Samschdegvirmëtteg an der Londoner Westminster Abbey. Do wäert den Äerzbëschof vu Canterbury, de Justin Welby, den Charles a seng Fra Camilla kréinen. Et ass déi éischt Kréinung vun engem brittesche Monarch zanter 70 Joer. Dem Charles seng Mamm, d'Queen Elizabeth II., war den 2. Juni 1953 gekréint ginn. Och an der Westminster Abbey. Si ass den 8. September 2022 gestuerwen.

Wéi de Palais matgedeelt huet, wäert et sech ëm eng Mass handelen, déi déi haiteg Roll vum Monarch erëmspigelt an an d'Zukunft blécke léisst, weiderhin awer mat laangjäregen Traditioune verwuerzelt wier.

Den Charles an d'Camilla sollen dono an enger Prozessioun vum Buckingham Palace bei d'Kierch an dono a Begleedung vu weidere Membere vun der Royal Family zeréck an de Palais zéien. Do wäert sech dann déi kinneklech Famill zum Ofschloss vun de Feierlechkeeten traditionell um Balcon presentéieren.

Wie kënnt? Den Harry an d'Meghan och?

Oppe bleift weiderhin d'Fro, wéi eng Familljememberen invitéiert sinn. Grouss ass deemno och d'Fro, ob dem King Charles III. säi jéngste Fils, de Prënz Harry a seng Fra Meghan, geruff huet. Den Harry ass jo an de Fokus geréckelt, nodeems viru kuerzem seng Biografie "Reserve" erauskomm ass, an deem hie schwéier Reproche géint seng Famill an de Palais ausschwätzt.

Fir de 70. Trounjubiläum vun der Queen Elizabeth II. am Juni 2022 waren den Harry an d'Meghan ugereest, ma um Balcon ware just déi enkst Familljememberen dobäi, déi representativ Aufgaben iwwerhuelen. D'Koppel, déi an den USA lieft, hu jo sämtlech royal Flichten ofginn.

Erwaart ginn awer Dosende Staatscheffen aus aller Welt, souwéi Zéngdausende Spectateuren zu London.

Mega-Concert a "Big Lunch"

D'Feierlechkeete ginn no der Zeremonie nach weider. E Sonndeg ass zu Éiere vun der Kinnekskoppel e grousse Concert mat "globale Museksikonen an zäitgenëssesch Stars" um Schlass Windsor geplangt. Tickete fir dësen Evenement solle landeswäit verloust ginn. Et soll souguer, extra fir deen Dag, e "Kinnekschouer" forméiert ginn, bei deem och Leit aus ganz besonnesche Chouere sollen dobäi sinn, dorënner Flüchtlingen, Membere vun der LGBTQ1-Communautéit oder Persoune mat Handicap.

Dee selwechten Dag sinn d'Leit awer och opgeruff, sech um "Coronation Big Lunch" - dat grousst Kréinungsiesse mat Stroossefester an Téipartyen ze bedeelegen. Landeswäit wieren dausenden Evenementer geplangt, heescht et.

Extra Feierdag

Gewosst war schonn, dass d'Mënschen am Vereenegte Kinnekräich den 8. Mee eemoleg e weidere Feierdag kréien. Ënnert dem Motto "Big Help" gëtt d'Bevëlkerung deen Dag ermontert, fräiwëlleg Aarbecht an hire Gemengen ze leeschten.

D'Regierung préift de Moment nach, fir d'Spärstonnen fir Pubs op den dräi Owender ze verlängeren.

Al Traditioun soll änneren

Wéi d'Zeitung "The Sun" gemellt huet, soll de King Charles III. fir déi grouss Kréinungszeremonie e komplett aneren Outfit undoen, wéi et d'Traditioun a u sech verlaangt. Amplaz vun enger Reitbox mat Seide-Strëmp soll et eng Uniform sinn. De "vereelzte Look" aus der Vergaangenheet wëll den Charles deemno hannert sech loossen. Geplangt wier, dass hie seng Militäruniform um Dag vu senger Kréinung wäert undoen. Esou wéilt hien déi modern Monarchie vum 21. Joerhonnert representéieren.

Um Kapp bleift alles traditionell. Den Charles wäert wéi erwaart d'Edwardskroun - St. Edward's Crown - droen, déi 1661 fir d'Kréinung vum Kinnek Karl II. ugefäerdegt gouf. Si besteet aus massivem Gold an huet iwwer 400 Edelsteng, dorënner 6 Saphiren an 12 Rubiner.