Vill Leit huele sech vir, am Januar op eppes ze verzichten: Op Alkohol, op Zigaretten, op Séissegkeeten oder emol op den eegene Mann oder déi eege Fra.
Mëttlerweil gëllt den éischte Mount vum Joer als Heemount vun de Scheedungen, op d'mannst emol bei eisen däitschen Noperen. Ma wat ass drun un dëser Behaaptung a wéi gesäit et hei bei eis aus? Mir hu bei der Maître Deidre Du Bois, Affekotin am droit familial mam Schwéierpunkt Scheedungen, nogefrot. Si wëll net vun Heemount schwätzen, och wann opfält, datt am éischte Mount vum Joer vill Leit e Rendez-vous huelen.
"Dat ass schonn eppes, wat ech iwwert all déi Jore konnt beobachten, well vläicht no de Feierdeeg d'Leit awer wëllen am neie Joer aneschters ufänken, sech Virsätz huelen, fir dat neit Joer an doduerch, dass se dann ebe Chrëschtdag schonn hannert sech bruecht hunn, dann eben eppes Neies ufänke wëllen. Also et ass schonn, dass am Januar méi lass ass wéi déi aner Méint."
Eng Scheedung ass meeschtens dann och gutt iwwerluecht an dacks schwieft engem dee Gedanke well eng Zäitchen am Kapp, éier een de Schrëtt bei den Affekot wot. "Dat ass jo eng Entscheedung, déi kengem liicht fält. Wéi ech ëmmer soen: Et ass nach kee bei mech an d'Etüd erakomm a sot 'Ech hu mech bestuet, fir gescheet ze ginn.' Also dat ass, och wann ee selwer vläicht Demandeur ass oder selwer vläicht en anere Partner fonnt huet, awer net einfach, fir dee Schrëtt ze maachen, fir déi Decisioun ze huelen."
A wéi mat all deenen Decisiounen, déi een net gären hëlt, dréckt een och dës nawell gäre viru sech hier. "Et kann ee jo awer net virun de Feierdeeg d'Bomm platze loossen. Da kuckt een, dass een déi nach iergendwéi hannert sech kritt, fir dass den Hauseegen wéinstens fir eng leschte Kéier fir d'Kanner riicht hänkt an dann ass eben de Januar dee Mount wou ee seet: So, jetzt aber!"
Generell ass et dann, der Maître Du Bois no, och esou, dass de Gros vun de Leit sech scheede loossen, wann d'Kanner nach relativ kleng sinn. Oder awer wann d'Kanner quasi aus dem Haus sinn. Dann hu vill Koppele sech well ausenaner gelieft a gesi kee Sënn méi an hirem Bestietnis.
Aus offizielle Statistiken hei am Land geet dann och ervir, dass et 2021 an 2022 e Réckgang ginn ass, wat d'Scheedungen uginn. Eigentlech verwonnerlech, well ee sech déi lescht zwee Joer eventuell manner gutt aus de Féiss koum. Dat Gefill hat d'Maître du Bois och fir Lëtzebuerg.
"Ech hunn dat Gefill gehat, dass d'Leit immens ënnert der Kris gelidden a sech immens beherrscht hunn. Et sinn der och vill, déi sech Suergen ëm hir Aarbechtsplaz gemaach hunn. Dat ass jo da wierklech déi Kris, déi einfach ze vill ze managen ass. Do sinn da ganz vill Leit, déi stelle sech hannen un an déi kucken net no hirem Gléck oder no hire Bedierfnisser, mä déi kucken einfach nëmmen, dass déi Famill do iergendwéi doduerch kënnt."
Am Januar gëtt dann och anscheinend dat Wuert "Scheedung" méi dacks gegoogelt wéi de Recht vum Joer. A wann et da wierklech net méi geet, dann ass de Wee bei den Affekot vläicht nach de Beschten, virun allem, wa Kanner am Spill sinn. Schliisslech soll een och dono nach kënne frëndlech a respektvoll matenaner ëmgoen.