Am Live! Planet People goung et ëm Musek, ee Buch iwwer Reesen a Comedy.

Den T the Boss huet nei Musek am Gepäck, déi dës Kéier méi melodesch a modern ass wéi um leschten Album, behaapt hie selwer. Mat 11 Joer hat de Rafael Possing scho Kontakt mat der Hip-Hop Zeen, mat 14 huet en op Däitsch gerappt an "Reloaded" huet 2003 säin éischte Soloalbum geheescht. Et koumen iwwer d'Joren ëmmer nei musikalesch Aflëss. 2010 huet hien de Soundtrack zum Film "Hamilius" bäigesteiert, bei der zweeter Staffel vu "Capitani" war hien um Enn vun all Episod ze héieren an eent vun den neie Lidder "The Law of 3" huet de Raphael Fiegen fir säin Documentaire ausgewielt. "Fighter" ass Musek fir all Mënsch, deen duerch schwéier Zäite gaangen ass oder geet, heiansdo ganz perséinlech, heiansdo e bësse méi wëll, mee ëmmer riicht eraus", schreift hie selwer iwwer déi nei EP.

RTL

Den Denis Oswald fillt sech wuel an der Natur, an huet d'Buch 25.000 Kilometer - Eine Reise mit Krebs, erausbruecht. Den Fotograf, Auteur an Aventurier ass ëmmer op der Juegd no der perfekter Foto. Hie faszinéiere Géigesätz a freet sech genee sou op d'Polarregiounen bei -30 Grad wéi d'Wüst bei 50 Grad. Zanter 10 Joer ass hien 'on tour' mat Gefierer, déi méi al wéi hien selwer sinn. 2021 krut hien a Griicheland d'Diagnos Kriibs, an iwwer déi Tumeur vun 13cm, déi säin Daarm ugegraff huet, ass e Buch entstanen, dat deene Leit Courage maache soll, déi duerch eng änlech Phas goe mussen. Momentan ass hien am Senegal ënnerwee.

RTL

De Mike Desa ass ee vu 7 Comedians vum Portugal Comedy Club, déi den 3. Februar an der Rockhal sinn. Nodeems se 6 Méint am Jamel Comedy Club zu Paräis opgetrueden sinn an ëmmer ausverkaaft waren, kommen de Mike Desa, PV, Ayrton Gomes, Yassir BNF, Juan Rodrigues, Alex Monteiro an den Daniel Moutinho fir een Owend op Esch. Si maachen an der Haaptsaach Witzer op Käschte vun hire Landsleit an d'Leit béie sech vu laachen, wa si Geschichten zum Beschte ginn vun hire Frënn, Elteren a Geschwëster. Lescht Ticketen op www.rockhal.lu

RTL