Offiziell ass et de "Bazar Thiel-Schmit". An der Maacher Géigend an och ronderëm ass den Numm vum Kutschemisch méi geleefeg.

An dësem Buttek krut ee bal alles. Vu Schoulartikelen, Zeitungen iwwert den Zwier bis bei d’Schwammkap. De "Kutschemisch" zu Gréiwemaacher war eng Institutioun, déi um Samschdeg no iwwer 100 Joer hir Dieren zoumécht.

Offiziell ass et de "Bazar Thiel-Schmit". An der Maacher Géigend an och ronderëm ass den Numm vum Kutschemisch méi geleefeg. D'Patronne Viviane Thiel-Schmit erkläert, dass den Numm vun de Postkutschen hierkënnt, mat deenen hiren Ur-ur-Grousspapp fréier gefuer sinn. Duerno goufe Kannerkutschen verkaf an am Laf vun der Zäit sinn och Poppekutschen derbäi komm.

Eng Postkaart aus dem Joer 1923 weist wéi et fréier ausgesinn huet.

RTL

© Gemengenarchiv Gréiwemaacher

Virun der Ouverture vum Buttek stinn d’Stammclienten drop ze waarden, dass opgespaart gëtt. Fir déi huet d’Viviane d’Zeitungen dann och scho prett leien. Trei Clienten, déi an der Zäit nieft dem Buttek d’Hoer geschnidde kruten. Do war nämlech fréien en Härecoiffer.

Geschafft gëtt vu moies 7 bis owes 18 Auer, ee Fulltimejob. Zeitungen auspaken an araumen, Artikele bestellen an d’Fënster dekoréieren huet zur alldeeglecher Aarbecht gehéiert.

Een deen dëse Buttek net kennt, deem ass et schwéier dee spezielle Flair vum Buttek ze erklären. De Kutschemisch war schonn ëmmer ee Familljebetrib, bei deem och haut nach d'Familljememberen eng Hand mat upaken. D’Mataarbechterin Sandra an och hire Mann de Gast hëllefen dem Viviane dobäi.

No der Fermeture vum Buttek geet et fir d’Viviane elo mol an d’Vakanz. Déi éischt zanter 6 Joer.

Mat der Fermeture vum Buttek geet domadder och e Stéck Maacher op en Enn.