An eiser Serie "Een Dag am Liewe vun..." schécke mir de Loïc Juchem dës Kéier bis bei de Bäcker a verséissen him domat säi Schaffdag.

Eisen RTL-Reporter huet sech erugetraut a steet een Dag an der Bakstuff. Et ass en Handwierksberuff, an dem nach ëmmer vill Leit gebraucht ginn. De Jean-Marie Neuberg a säi Brudder hunn e Familljebetrib opgebaut a se si mat de Joren och ëmmer méi grouss ginn a geréieren haut 17 Geschäfter queesch duerch d'Land. De Loïc huet dofir och ganz séier gemierkt, datt hei nieft ville fläissegen Hänn och sou munch Maschinnen an den Asaz kommen, déi engem d'Liewen dach awer vereinfachen. Iwwer 5.000 Aachtercher gi beispillsweis Dag fir Dag an de Produktiounshalen zu Mäerzeg produzéiert an d'Aachtchen ass domat och déi beléiftste Mëtsch bei de Lëtzebuerger.

Am Reportage gesitt Dir, wéi de Loïc sech a Saachen Aachtercher dréinen, Brout baken a Chocolatier spillen, ka beweisen a mir ginn drop an, wat fir Virdeeler et mat sech bréngt, datt net méi all Bäcker muss déi ganz Nuecht laang schaffen.