Wat passéiert alles hannert de Kulisse vun engem vun de bekanntste Cabareten op der Welt, dem Moulin Rouge zu Paräis?
Dag an Nuecht schaffen eng 450 Leit do, fir datt déi méi wéi 600.000 Visiteuren am Joer, wouvun d’Hallschent Touriste sinn, e fantastesche Spektakel gebuede kréien. All Dag vum Joer, 2 Spektakelen den Dag...
Eng Dram-Maschinn, fir déi vill fläisseg Hänn an extrem sportlech Artiste gebraucht ginn, fir datt Owend fir Owend alles no Plang ofleeft an och de Mythos vum "French Can Can" um Liewen erhale gëtt, dat zënter iwwer 130 Joer.
De Moulin Rouge schléift ni! D'Valentine Patry an de Maxime Quéméner ginn eis en exklusiven Abléck an des ganz eegen Welt vu Plommen, Strass a Pärelen.