"Do gëtt den Iesel verréckt"
Déi Dikrecher Kavalkad huet een neit Lidd

Mir hunn dem Comité bei de leschte Virbereedungen iwwert d'Schëller gekuckt an hunn eis Oueren akustesch vun deem neie Lidd verwinne gelooss.
De 19 . Februar ass déi Dikrecher Kavalkad. Dann dierfen d'Fuesboken nees op hire Ween duerch d'Stroosse fueren a Séissegkeete verdeelen. Onofhängeg, dass hir Ween all Joer changéieren, sinn déi Dikrecher dëst Joer extrem houfreg op hiert neit Kavalkade-Lidd. Hiert aalt Lidd gouf dem Zäitalter ugepasst an nei remixed.
Mir ware bei de leschte Preparatioune vum Comité dobäi a krute schonn een Avant-goût vum neie Fues-Lidd, wat iwwregens lescht Woch den 2. Februar viru Public a live um Eldoradio presentéiert gouf.
Am meeschte gelies