Margherita, Salami oder Hawaii? Wat ass är Liblingspizza?

© MARTIN BERTRAND via AFP
Den 9. Februar ass weltwäit den Dag vun deem Iessen, dat vill Leit als hiert Liblingsiesse bezeechnen. Riets geet natierlech vun der Pizza.
Net vill Iess-Produite ginn esou gefeiert, wéi déi allsäits beléifte Pizza, déi virun allem an den USA, awer och soss op der Welt ganz wäit vir an der Lëscht vun de Liblingsiesse steet. Se ass relativ einfach ze maachen, nach méi einfach ze iesse, immens lecker a mécht glécklech.
Och wann et wuel keen Dag gëtt, op deem net Pizzae bei Liwwerservicer a Restaurante bestallt ginn, ma grad um internationale Pizza-Dag, deen et schonn zënter 1987 gëtt, sollt een dat awer virun allem maachen, am beschte mat Famill a Frënn zesummen, da schmaacht se nach besser.
Weltwäit ginn iwwregens iwwer 5 Milliarde Pizzae verkaaft, den Dag op deem am meeschte Pizza giess gëtt, ass samschdes. Hätt dir gewosst, dass an Norwegen méi Pizza giess gi wéi an Italien. Och an den USA, Groussbritannien an an Däitschland gëtt déi ronn Spezialitéit méi consomméiert wéi a Bella Italia.
Déi Pizza, déi vun de Leit am meeschte bestallt gëtt, ass a bleift d'Salami- respektiv Peperoni-Pizza. Ronn 36% vun de Bestellungen, also ronn all 3. Pizza ass eng Pizza mat Salami oder Peperoni.
Ma wéi eng Pizza ass Är absolut Liblingspizza? Klassesch, ausgefalen, gefaalt, mat Extraen oder ouni? Loosst eis et wëssen, fir rauszefannen, wat d'Lëtzebuerger am léifsten op hirer Pizza hunn.

© BEATA ZAWRZEL via AFP