Content Creator a Kollaboratioune mat Marken zesummen hunn och zu Lëtzebuerg Fouss gefaasst.

Jidderee kennt se, mee weess och jiddereen, wat genee se maachen? Sief et Biller produzéieren, beaarbechten, Videoen dréinen a schneiden oder Maile verschaffen. Dat ass just een Deel vun den Aufgabe vun engem Influencer, och "Content Creator" genannt. Mir hunn zwee vun hinnen een Dag laang begleet. Et gouf och séier kloer, dass d’Thematik vu Reklammen eng wichteg Roll spillt.

Do gëllt et awer opzepassen! D’ALIA huet eis doriwwer opgekläert, wéini ee bei de Postings Reklamme muss markéieren a wéini net.

D’Influencerzeen huet Potenzial, an dat och zu Lëtzebuerg. Marken hunn ëmmer méi Interêt mat Content Creators zesummenzeschaffen. An dat mierken och déi Betraffen am Reportage.