Wann een an dëse Buttek erakënnt, ass et bal, wéi wann d’Zäit stoe bliwwe wär. Bei de Klemanns ginn Schong nach handgemaach esou wéi fréier.
E Beruff, deen een haut bal net méi fënnt an dee quasi verschwonne ass. Dobäi si hir Modeller op Moos eppes ganz besonnesche an dat zitt och trei Clienten un, obwuel et natierlech net ganz bëlleg ass, well nawell vill Stonnen Aarbecht an esou engem Puer stiechen. Dobäi hu sech scho bekannt Perséinlechkeeten, wéi de Sean Connery, de Jan Delay a souguer de Kinnek Charles aus England hiert Puer vun de Klemanns schoustere gelooss.
Am meeschte gelies