De Kinnek Charles III. soll sengem Brudder, dem Prënz Andrew, d'Proprietéit um Terrain vum Schlass Windsor als neit Doheem ugebueden hunn.

Dat mellen de "Sun" an den "Daily Telegraph" e Mëttwoch. Domat géifen de Prënz Harry a seng Fra, dräi Joer nodeems si a Kalifornien geplënnert sinn, hire brittesche Wunnsëtz Frogmore Cottage verléieren.

Déi verstuerwe Queen Elisabeth II. hat d'Landhaus dem Harry a Meghan fir d'Hochzäit geschenkt. Den Herzog an d'Herzogin vu Sussex hunn 2,4 Millioune Pond ausginn, ëmgerechent 2,7 Milliounen Euro, fir et no hire Bedierfnesser ëmzebauen. 2020 hu si sech dunn awer offiziell vun hire royale Flichten zeréckgezunn a sinn an Amerika wunne gaangen. Wéi aus de Medieberichter ervirgeet, soll d'Koppel am Januar, nëmmen e puer Deeg nodeems dem Prënz Harry seng Autobiografie erauskomm ass, opgefuerdert, Frogmore Cottage endgülteg ze raumen.

Dem Harry säi Papp Charles III. hat scho laang annoncéiert, dass de Rimm am brittesche Kinnekshaus méi enk gezu gëtt an Zukunft. Nodeems hien am September op den Troun koum, hat hien ordonéiert, da d'Keese gezielt ginn a Bilan gezu gëtt. Fir d'Eischt soll de Prënz Andrew doropshin seng Zouwennungen an Héicht vun 250.000 Pond gestrach kritt hunn. An deem Fall kéint hie sech déi héich Käschte fir säin aktuelle Wunnsëtz, déi generéis Royal Lodge zu Windsor mat 30 Kummeren, net méi leeschten. Als Ersatz gouf wéi gesot Frogmore Cottage ugebueden.

De Buckingham Palace wollt sech zu de Medieberichter net äusseren. Och e Porte-parole vum Harry a Meghan war net fir eng Ausso z'erreechen, heescht et.