Am Live! Planet People geet et dës Kéier ëm de Film "Maret", Formel 1 op RTL an ëm BattleKart.
Déi däitsch Actrice Susanne Wolff ass just zréck vun der Berlinale a presentéiert um LuxFilmFestival de Film "Maret".
No hiren Theater-Engagementer am "Thalia Theater" zu Hamburg a beim "Deutschen Theater" zu Berlin koumen 2003 déi éischt Film- an TV-Rollen. Et gesäit ee si mol an engem "Tatort" oder bei "Löwenzahn". Se huet 2018 d'Haaptroll am Film "Styx" gespillt, deen déi 68. Berlinale opgemaach huet a bei "Sisi und ich" vum Frauke Finsterwalder spillt si d'Roll vun der Sisi an huet zu Berlin nees fir vill Gespréichsstoff gesuergt. Op Lëtzebuerg koum se mam Film "Maret" vum Laura Schroeder, deen zu Lanzarote spillt an hei verkierpert si eng Fra déi hiert Gediechtnes verluer huet, an dat bei enger komplizéierter Behandlung erëmkréie wëll.

De Franky Hippert kommentéiert vun dësem Weekend un nees mam Serge Pauly d'Kinneksklass am Motorsport. 3 Méint war et roueg, a mat 23 Coursen iwwer d'ganz Welt verdeelt soll elo de Successeur vum Max Verstappen fonnt ginn. D'Kaarte ginn nei gemëscht, zum Deel sinn déi nei Autoen aneschter besat an och soss gouf et nees vill Changementer. An der drëtter Saison iwwerdréit RTL all Grand-Prixen live an den Tom Hoffmann stëmmt een op rtlplay an rtl.lu schonn mat den Trainingen an. Stellt Iech an op vill Spannung, staark Momenter, spektakulär Biller an zum Deel och laang Nomëtteger oder Fréibiren, déi de Rennkalenner 2023 bereethält.

D'Hannah Lehnen invitéiert jiddereen, iwwer 1,45m op Tréier, BattleKart fueren ze kommen. Nëmmen e puer Minutten vu Lëtzebuerg ewech kann een tëscht 6 Spiller wielen. An der Ekipp kann ee sech mat aneren bei BattleColor, BattleSnake oder BattleFoot moossen. E virtuellt Karterliefnis, wéi een et nach net gesinn huet. Hei geet et drëms, Obstakelen auszewäichen oder de Ball mat der Spëtzt vum Kart ze beweegen. E faarwegen Nomëtteg, wou et net just ëm Vitess geet, mä op Taktik an Zéiwespëtzegefill. Um Steierrad zünt een den Turbo, schéisst Rakéiten of oder leet sengem Kontrahent en Uelegfaass an d'Féiss. www.trier.battlekart.com
