Dass d'Logementspräisser zu Lëtzebuerg explodéieren, ass jo kee Geheimnis. Bei munchen Zomme kéint ee mol iwwerleeën, ob een net anescht investéiert.

Kierzlech beim Scrollen an de soziale Medien kréien ech bemol eng Annonce ugewise vun enger Immobilieplattform: En Haus an der Stad Lëtzebuerg, ronn 480 Metercarré a 6 Kummeren. De Präis: 7 Milliounen Euro. 

Natierlech ginn et weltwäit Villaen an extravagant Haiser, déi mam Präis aus der Mass erausstiechen. Et gi jo iwwerall Leit, déi sech esou eppes ouni Probleem leeschte kënnen. Mä 7 Milliounen Euro sinn awer net schlecht. Wéi géift Dir Är 7 Milliounen Euro investéieren? An en Haus an der Stad Lëtzebuerg oder awer léiwer...

...eng Insel

Fir ëmgerechent 6,5 Milliounen Euro kann ee sech zum Beispill dës Insel op de Bahamas kafen. D'Stéck Land ass 2.400 Metercarré grouss a läit Matten an der Karibik. Vun de 7 Milliounen Euro bleiwe souguer nach 500.000 Euro iwwreg, fir sech en Haischen op d'Insel ze setzen.

... 673 Nuechten am Luxushotel

Fir ronn 7 Milliounen Euro kann een dann och eng Zäitchen am 7 Stären-Hotel zu Dubai verbréngen. Knapp 10.400 Euro kascht d'Nuecht an der Diplomatic Suite. Mam Budget kéint ee sech d'Luxuszëmmer ganzer 673 Deeg laang leeschten.

RTL

...Locataire bleiwen

Huele mir un, Dir bezuelt e Loyer vu knapp 2.500 Euro. Mat Äre 7 Milliounen Euro wier de Loyer fir 233 Joer garantéiert. Souguer wann een en Haus lount fir de Präis vun 5.000 Euro de Mount, kéint ee mat 7 Milliounen Euro méi wéi 100 Joer laang de Loyer finanzéieren.

...investéieren

D'Sue kann een zum Beispill och a Kryptowärungen investéieren, wann ee gäre spekuléiert. Mat 7 Milliounen Euro kann ee sech zum Beispill den Ament (Stand 3. Mäerz) ronn 333 Bitcoine kafen.

Et kann een awer e bësse Gold kafen. A mat 7 Milliounen ass "e bëssen" ganzer 125 Kilogramm Gold.

...eng Weltrees maachen

Eemol am Liewen eng Weltrees maachen, dat huet sou munch Persoun op senger Lëscht. Déi meescht mussen dofir awer spueren. Meescht een d'Weltrees op eege Fauscht soll een ongeféier 1.000 Euro de Mount rechnen. Mécht een den Tour ronderëm d'Welt mat enger Croisière, kascht dat ronn 25.000 Euro fir 4 Méint. Mat 7 Milliounen Euro kéint een deementspriechend 1.120 Méint op Reesen. Dat si méi wéi 93 Joer.

RTL

Wéi ass et mat Iech? Wat géif Dir Iech fir 7 Milliounen Euro kafen?