Op de Stroosse vu Paräis sammelt de franséische Kënschtler Plastiksfläschen an Tuten. A sengem Atelier verschafft hie se dann zu Blummen.
Schonn als Kand war de William Amor faszinéiert vu Blummen an alle Formen a Faarwen. Aus der Iddi, Botaniker ze ginn, ass awer näischt ginn. An dësem Beruff feelt et dem William u kreativem Fräiraum. Viru 15 Joer huet hien dunn déi éischt Blumm aus Plastik hiergestallt an zanterhier u senger Technik geschafft. Trotz jorelaanger Erfarung ass et eng zäitopwänneg Aarbecht. Eng 30 Minutte brauch hie fir eleng ee Blat.
Mat senge Blummen aus Plastik dréit de William e klengen Deel dozou bäi, d'Stroosse vu Paräis méi propper ze halen a gläichzäiteg aus Offall eppes fir d'Éiwegkeet ze kreéieren.