An eiser Serie "Een Dag am Liewe vun" dauchen eis Journalisten een Dag an eng ganz aner Welt an.

Dës Kéier huet et de Loïc Juchem op e Chantier um Findel gezunn an hien huet sech missen als Chef d’Equipe een Dag laang beweisen. Schonn eleng sproochlech gesinn war et eng Erausfuerderung, well an dësem Metier dach awer gréisstendeels Portugisesch geschwat gëtt, ma och um Bagger huet hien Experienz konnte sammelen.

Am Reportage gesitt dir, ob en um Enn dann och wierklech eppes ëmgerappt huet oder just fir Chaos gesuergt huet.

12 Aarbechter sinn aktuell um Chantier vum neien Hangar vun der Luxair am Asaz. De Marcio ass de Chef d’Equipe vun dësem Chantier an am Reportage begleede mir hie bei senger Aarbecht. Hie schafft schonn 20 Joer an der Constructioun an elo 11 Joer bei dësem Patron a muss kucken, datt de Projet och anstänneg ausgeféiert gëtt. Bei all de Saachen, déi net funktionéieren, muss hien direkt intervenéieren. Et ass en haarde Job, wou bei all Wieder geschafft gëtt. Mol ass et déck waarm, mol ass et fatzeg kal. Dëse Chantier geet elo an d’Endphas an um Enn ass an dësem Hangar Plaz fir zwou Bombardier-Maschinnen.