De Kanner d'Angscht virum Dokter oder dem Spidol huelen – dat ass d'Zil vun der Teddybier-Klinik zu Bréissel.

Ganz konzentréiert lauschtert de Jonas no wat mat sengem Petzi, dem Maffy, geschitt. Genee sou wéi hien, hunn Honnerte Kanner tëscht 4 a 7 Joer hiert Liiblingsstoffdéier matbruecht a loossen et vun Teddy-Dokteren ënnersichen. Déi sinn eigentlech Medezinsstudenten a wëllen de Kanner d’Angscht virun Dokteren a Spideeler huelen. "Wa Kanner eppes net kennen, hu se enorm Ängschte a si manner kooperativ", erkläert d’Laurine Anselmo, Infirmière a Presidentin vun der Clinique des Nounours, "a wa se an d’Teddyklinik kommen, kënne se d’Welt vun der Medezin kenneléieren, verstoe wéi se funktionéiert an an engem spilleresche Kontext mat medezineschem Personal interagéieren, andeems se als Begleeder an net als Patient do sinn".

Et ass déi 10. Editioun vun der Teddybier-Klinik. Zanter 2012 gëtt et de Projet schonn, deen ursprénglech aus Schweden kënnt. Zanterhier sinn zu Bréissel ronn 6.300 Teddybiere behandelt ginn. Dat klengt Emma hat säi Petzi Coco dobäi. "Hatt hat d’Ouere wéi, et war eng Kamell am Ouer", erzielt dat 5 Joer jonkt Meedchen.

Consultatiounen, Operatiounen oder d’Röntgen an de Scanner – d’Kanner léieren déi verschidden Etappen an Ofleef kennen. D’Patiente ginn um Enn vum Dag nees gesond Heem an d’Kanner mat engem neie Vertrauen an déi wäiss Kiddelen.