22,5 Millioune Liter Béier huet Lëtzebuerg 2021 hiergestallt. Ee klengen Deel dovunner ass de sougenannte Craft Beer, also artisanal hiergestallte Béier.
E Produit, deen duerch seng iwwerraschend Geschmacksrichtungen ëmmer méi u Beléiftheet gewënnt – och zu Lëtzebuerg.
An der Stad, méi genee a Clausen, ginn an enger klenger Lëtzebuerger Brauerei all Joer 250.000 Liter Béier produzéiert – nëmme mat Waasser, Malz an Happ. De Martin Thiel ass de Braumeeschter an der “Lëtzebuerger Stad Brauerei”, déi 2007 gegrënnt ginn ass. Seng Aufgab ass et d’Produktioun vu verschiddenen Zorte Béier z’entwéckelen an z’iwwerwaachen. Eng spannend Erfarung, wéi hie seet:
“Et ass vill méi Abenteuer, et ass cool. Mir maache ganz vill verschidde Saachen, nei Saachen. A grousse Brauereien ass een awer ëmmer op ee klenge Beräich vum Braue spezialiséiert, da schafft een nëmmen an der Offëllung oder nëmme beim Brauen.”
De Pils ass ee vun den zwee beléiftste Béier, déi hei hiergestallt ginn, ma am Ganze proposéiert d’Brauerei 6 verschidden Zorte – fir sech den Trends an dem Goût vun de Verbraucher unzepassen. Den IPA, India Pale Ale, ass zum Beispill bei den Auslänner an Expats immens beléift.
“D’Expats bréngen eng ganz aner Kultur mat, an doduerch hu mir déi lescht Jore verschidden aner Zorte Béier gebraut”, esou den Edmond Libens, deen de Betrib zanter 2009 leet, “déi grouss Brauereien hunn déi Méiglechkeet net, esou no un de Client ze kommen”.
Wech vum Mainstream, hin zu méi Kreativitéit an neie Béier-Stiler. Dorëms geet et beim “Craft Beer”, deen den Damien Lesprit zanter 2020 a sengem Geschäft am Garer Quartier verkeeft. De Fransous proposéiert hei bis zu 200 artisanal Béierzorten, déi a verschiddene Länner gebraut ginn. Hie géing sech besonnesch fir d’mënschlech Geschicht hannert der Etikett interesséieren a wielt déi ronn 40 Béiermarken, déi hien zu Lëtzebuerg verdreift, selwer aus.
“Je pense que les gens retournent de plus en plus vers le côté artisanal, que ce soit pour la viande, les légumes, pour à peu près tout”, erzielt den Damien Lesprit, “je pense qu’on a envie de retrouver simplement des vrais goûts avec des produits qui sont faits à échelle humaine”.
Senger Meenung no bitt den aktuellen Trend vu Mikrobrauereien an artisanalem Béier en neien Interessi vu Béier-Amateuren an erreecht och aner Typpe vu Konsumenten, wéi Studenten oder Fraen. Generell ass Béier ee vun den am meeschte konsuméierten Alkoholer zu Lëtzebuerg. Der Weltgesondheetsorganisatioun no mécht e bei eis ganzer 35% vum Alkoholkonsum aus.