
Dee wuel bekanntsten iresche Feierdag ass de St. Patrick's Day, dacks och léif St. Paddy's genannt.
All Joer gëtt de 17. Mäerz vun den Iren an der ganzer Welt gefeiert an esou munch Net-Iren ginn op deem Dag "Irish for a day"... Mä wat gëtt dann op dësem Dag genee gefeiert? A virun allem, wie war deen ominéisen hellege Patrick?
De Padraig, Schutzpatréiner vun den Iren, huet am 5. Joerhonnert gelieft. Wéi a wou e genee opgewuess ass, doriwwer gëtt et keen exakte Beweis, mä bei eppes stëmmen awer all Legenden iwwerteneen: Mat 16 Joer ass en duerch Sklavendreiwer vu Wales oder Schottland eriwwer an Nordirland verschleeft ginn, wou en an deenen nächste Joren dunn en haart Liewen als Schofshiert hat.
De Guy Blitgen, Vize-President vum Comhaltas Ceoltóirí Éireann (say: Kooltas Keoltori Eiran): "Et gouf och gesot, dass hien am 9. Joerhonnert um "Croagh Patrick" 40 Deeg a 40 Nuechte gefaascht huet. A well eiser Här ëm seng Gesondheet besuergt war, huet hien en dovunner ofgehale virun ze faaschten. Do sot de St. Patrick zu him, dass en dat nëmmen ënner 3 Konditioune mécht. Déi 3 Konditioune sinn zimmlech komesch, nämlech dass d'Iren nimools vun enger anerer Muecht besat géif ginn, dat ass leider Gottes net agetratt. Dass d'Insel géif 7 Joer virum Enn vun der Welt ënner goen, do si mer jo Gott sei Dank nach net. An da kënnt awer wierklech eppes, wat ech ganz flott fannen, nämlech dass nëmmen de St. Patrick dierf d'Leit op hirem leschten Dag jugéieren. Dat heescht, wann een dann an den Himmel kënnt, kënnt ee virun de St. Patrick an net virun de Péitruss."
Um Freideg ass also den Doudesdag vum hellege "Paddy", Nationalfeierdag an Irland, ofgesi vu Restauranten a Puben ass op der Insel awer alles zou. De reliéise Charakter ass och zimmlech an den Hannergrond geréckelt, ma villméi gläicht den Dag haut e bëssen enger grénger Fuesent... engem lëschteg-fiichte Volleksfest. Musek an Danz, ass eben eppes woumat een Irland schonn ëmmer verbënnt. De Comhaltas (Kooltas) erhält d'Traditioun vun der irescher Kultu, Rendezvous ass hei e Samschdeg zu Hollerech an der Rue Lavandier am Centre Culturel e Céilí (Kéili) fir Kanner am Nomëtteg an owes fir déi Grouss. Weider Infoe fannt der op hirem Site.
Deemno Prost oder wéi d'Ire soen: Sláinte (Slantsche) op St. Patrick Day!