Am Live! Planet People geet et ëm Hypnostherapie, Rallyefueren an e Volontariat a Schoul a Portugal.

D'Milli Kirtz setzt op eng aner Manéier fir ofzehuelen a proposéiert d'Moband-Hypnos. Dass d'Milli op d'Hypnos gestouss ass, huet en trauregen Hannergrond. No der Première hat et keen Plang a wéi eng Richtung de Wee sollt goen. D'Milli war ëmmer sportlech, huet leidenschaftlech Volleyball gespillt a war souguer an der Nationalequipe. Eng Seenenentzündung huet dunn e Stréch duerch d'Rechnung gemaach, hat et Anorexie an ass bal net méi aus deem Lach erauskoum. Déi grouss Chance war Hypno a fir op de Kierper ze lauschteren, an no enger Formatioun ass d'Milli Hypnostherapeutin an hëlleft haut anere Leit.

RTL

Den Thierry Schloesser fiert zanter 2018 Rallye an kënnt just zréck vum Rally Clásico Isla Mallorca. Hien kënnt awer aus dem Reitsport, wou hien 2000 säin Talent schonn ënner Beweis gestallt huet an 2007 ass hien op d'Sprangreiden iwwergaangen. 2017 war Zäit do fir e Changement an 1 Joer méi spéit huet den Thierry zesummen mat sengem Papp e Ford Escort MK2 kaaft fir Rallye ze fueren. 2021 ass hien de Championnat mat gefuer a gouf Vize-Champion. 2022 ass dem Thierry säin Papp gestuerwen an awer ass hien am Oktober zu San Marino viru ronn 80.000 Spectateuren gefuer an de Kalenner fir dëst Joer ass nees gutt gefëllt.

RTL

Den Elvis Silva Martins ass vu Péiteng a mécht e Volontariat am Portugal bei Kanner tëscht 6 an 12 Joer. Hien wollt sech schonn ëmmer am soziale Beräich engagéieren a wollt sou séier wéi méiglech Experienz sammelen, fir spéider als Educateur gradué ze schaffen. Den Elvis huet säin CV a Spuenien an a Portugal geschéckt an d'Wiel ass op Peniche gefall, eng Surferstad am Portugal, wou hien elo Kanner no der Schoul encadréiert an donieft och nach an engem Surfershop schafft, an enger Kaffisréischterei hëlleft, krank Déieren fleegt a Kleeder a Material stockéiert fir Leit, déi schlecht drun sinn.

RTL

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.