Zu Réimech war et de Mëtteg de Startschoss um 14.30 Auer, zu Péiteng, ganz traditionell, um 14.11 Auer.

Wann déi fënneft Joreszäit eriwwer ass a domat d'Fuesent an Däitschland op Äschermëttwoch nees an de Schlof versat gëtt – dann huelen déi Lëtzebuerger Fuesboken dat net esou seriö.

Um Bretzelsonndeg ass et och zu Lëtzebuerg den traditionellen Ofschloss vun der Fueszäit; dat ganzt am grousse Stil mat de Kavalkaden zu Réimech a Péiteng.

Péiteng - Traditioun zanter 1955

Mëll Temperaturen, ma dofir e bësse Reen. Et kann een net alles hunn, dat hu sech wuel och d‘Spectateuren zu Péiteng geduecht. Réischt e Méindeg dierfen hei d‘Fueskostümer nees an de Schaf. Am Süde un der Grenz si fir een Dag d‘Fuesboken un der Muecht, erkläert de Serge Breyer, Coordinateur an der Gemeng Péiteng.

"Fuesent ass sech goe loossen. Feieren an eng aner Haut klamme vun engem. Sech e bësse ginn, wat ee sech soss vläicht net esou traut ze soen: géint de Politiker, géint sech sëlwer als Mënsch. Et ass am Fong eng charmant Manéier, d‘Liewen ze bestoen.“

Konfetti, extravagant Kostümer, 30 dekoréiert Ween a 55 vertrueden Veräiner hu gelackelt. Och dëst Joer gëtt an der fënneftgréisster Gemeng am Land d'Fuesent nees grouss gefeiert. D'Kavalkade zu Péiteng gëllt als eng vun den eelsten am Land. Zanter 1955 gëtt hei fläisseg organiséiert. Iwwert d‘Jore gëtt dat net méi einfach.

"Et ass ewéi mat allen Organisatiounen, net just mat enger Kavalkade. Deen ekologeschen Aspekt muss ee kucken. Sécherheet muss ee kucken, esou de Serge Breyer weider. Ech soen ëmmer: Kavalkad a Fuesent ass eng seriö Saach. Eist Ëmfeld gëtt ëmmer méi komplizéiert. Mir hunn e Krich net wäit ewech. [...]“

Ganz traditionell, um 14:11 goung et lass. Laanscht d‘Lonkecher Strooss am Tour duerch Duerf. Mat Museken aus Lëtzebuerg, der Schwäiz, Portugal, oder Holland.

Réimech - Déi 35. Editioun

Och zu Réimech – fir déi mëttlerweil 35. Editioun – hu sech eng Hellewull u Leit begéint. Un der Musel ass et, coronabedéngt, déi éischt Kavalkade zanter 3 Joer. Eng Editioun mat virun allem enger grousser Verännerung.

Wie senger Fra de Mueren net Bretzel un d‘Bett bruecht huet – konnt dat ouni Problem de Mëtteg nohuelen. Esou muncher Haus-Fridden konnt esou bis d‘nächst Joer gerett ginn.

Mat Chance gouf een haut zu Réimech e besser manner genätzt. Um neien Trajet gouf et souguer e bësse Sonn. D‘Kavalkade zitt - wéi am Joer 1987 - net duerch den Duerfkär, ma iwwert d‘Esplanade. Aus Sécherheetsgrënn, wéinst der Mass u Leit, hätt ee sech dofir decidéiert, de Parcours dëst Joer ëmzeänneren, heescht et vun der Gemeng. 37 Gruppen a Veräiner hate sech ugemellt.

D‘Stëmmung, ewéi een se all ze gutt vun der Musel kënnt, war excellent.