Iwwernuechten am Tuerm an der fréierer Entrée
E Samschdeg huet mam Beetebuerger Park eng vun de gréissten Touristenattraktiounen am Land seng Diere fir d'Saison 2023 opgemaach.
Dëst Joer ginn et dann och eng Partie nei Attraktiounen. Esou kann een zum Beispill philippinnesch Wëllschwäi bewonneren oder sech d'Geschicht vum Renert erziele loossen.
Ma schonn zanter Februar kann een och am fréieren Entréesgebai vum Park schlofen. De bekannten Tuerm vum Beetebuerger Park gouf am Kader vum Minett Trail an e Gîte ëmgewandelt. An dësem klengen Hotelszëmmer kann een elo fir 150 Euro d'Nuecht schlofen. Ronn annerhalleft Joer huet de Chantier vun der 30 Metercarré grousser Kabaische gedauert, an där een den Tuerm ganz eropklotere kann.
Am Reportage gesitt Dir, wéi et am Gîte ausgesäit a wéi de Park sech op déi nei Saison 2023 präparéiert huet.
De Minett Trail ass e Wanderwee vun 90 Kilometer queesch duerch de Süde vum Land, op dem insgesamt 11 Kabaisercher installéiert goufen an deenen ee schlofe kann. An eiser Summerserie, "Eng Nuecht am Minett" hate mir schonn e puer dovunner getest. "Visit Minett" huet sech ëm déi 11 Chantiere gekëmmert a wollt se eigentlech alleguer am Kader vun Esch2022 fäerdeg hunn. Well vill Material awer net mat Zäiten ukomm ass, kann een eréischt dës Saison alleguerten d’Gîtten a Betrib huelen.
Aktuell kann een d’Gîtten zu Beetebuerg Téiteng, Bieles, Diddeleng, Biergem a Rëmeleng buchen. Deemnächst sinn dann och d’Kabaisercher zu Lasauvage, Schëffleng, Lénger, am Fond-de-Gras an zu Esch fir de Public accessibel.