Ouschtere gëtt zwar op ville Plazen op der Welt gefeiert, d'Traditioune sinn awer ganz ënnerschiddlech. Mir hunn eis déi verschidde Bräich ugekuckt.

Reliéis Bräich an Traditiounen

Dass Ouschteren e kierchlechen Hannergrond huet, misste mer all wëssen. An der Kierch ass et esouguer dat wichtegst Fest vum Joer. Well op Ouschtere gëtt d'Opersteeung vu Christi gefeiert. D'Virbereedung fänkt awer schonn déi Woch virdrun un.

Wa mer vun Ouschtere schwätzen, musse mer am Fong ufänke mat Pällem-Sonndeg. Mat deem Dag fänkt d'Ouschterwoch, och nach Passiounswoch genannt, un. Et ass an engems de leschten Dag vun der Faaschtenzäit. Dës Woch ass déi, an där alles geschitt, wat fir d'Chrëschte relevant ass, wéi den Abbé Charel Bremer erkläert:

"De Jesus ass Pällemsonndeg der Traditioun no a Jerusalem wéi e Kinnek erakomm, d'Leit hunn e begréisst mat "Hosanna, Hosanna" an dunn ass et weider gaangen op gréngen Donneschdeg, wou e mat senge Frënn a Jünger zesumme komm ass, fir eng leschte Kéier mat hinnen zesummen z'iessen. Karfreideg ass den Dag, wou Jesus Christus um Kräiz gestuerwen ass, wou en den Doud op sech geholl huet, fir deenen anere Mënschen d'Erléisung ze bréngen."

Gréngen Donneschdeg war am Mëttelalter den Dag, op deem d'Baueren hir Hären hu misste bezuelen. Dat gouf dacks och a Form vu Liewesmëttele gemaach, zum Beispill mat Kanéngercher an Eeër.

Firwat op ville Plaze um Karfreideg kee Fleesch giess gëtt a wisou Fësch erlaabt ass, erkläert den Abbé Charel Kremer am Reportage vum Jean-Marc Turmes.

Ouschter-Traditiounen an anere Länner

Wosst Dir zum Beispill, datt an Irland fir Ouschteren op e puer Plazen en "Hierke-Begriefnes" ofgehale gëtt? Kee Witz! Well bei de streng kathouleschen Ire wärend der Faaschtenzäit gréisstendeels Hierken um Menü stinn a si dës no enger Zäit net méi kënne gesinn, gëtt den Hierk um Enn vun der Faaschtenzäit symbolesch "begruewen". Et gëtt gesot, dës Traditioun wier vun iresche Metzleren erfonnt ginn, déi sech freeën, datt d'Leit endlech nees bei hinne Fleesch kafe kënnen. Dacks sinn et och d’Metzlere selwer, déi d’Zeremonie duerchféieren.

Op de Philippinne gëtt Ouschteren an e puer streng-reliéise Kreesser op eng zimmlech schro Manéier gefeiert: Verschidde Leit loosse sech hei nämlech wéi de Jesus un e Kräiz neelen. Kléngt zimmlech makaber, mä eng Rei Philippinner gesinn dëst als eenzeg Méiglechkeet, fir sech vun hire Sënne réng ze wäschen. Déi kathoulesch Kierch distanzéiert sech awer vun dësem Brauch.

An och a Griicheland ass an der Nuecht op den orthodoxen Ouschtersonndeg eng lass! Op der Insel Chios kéint een nämlech kuerz mengen, datt Silvester ass an net Ouschteren. Zwou rivaliséierend Kierche-Gemengen, déi nëmme 400 Meter ausernee leien, beschéisse sech hei géigesäiteg mat Freedefeier. Zil ass et, d’Klack vum jeeweils anere Kierchegebai ze treffen. Iwwerliwwerungen no soll dës Traditioun op d’Zäit zeréckgoen, an där d’Insel nach vun den Osmane besat war. Dës hunn den Awunner d’Feiere vum Ouschterfest verbueden, wouropshin d’Griiche mat de Rakéiten e Krich virgetäuscht hunn, fir hir Besatzer z’erschrecken. Zwar ass dëse Brauch u sech zanter 5 Joer verbueden, mä trotzdeem ginn ëmmer nach vereenzelt Rakéiten ofgeschoss.

Weider international Bräich a wéi eng Ritualer hei a Lëtzebuerg fir Ouschtere vun der Liturgie virgeschriwwe sinn, erzielt Iech de Bakir Demic a sengem Reportage.

Wou kënnt den Ouschterhues hier?

An anere Länner war et net ëmmer den Hues, deen d'Eeër bruecht huet... An e puer Deeler vun der Schwäiz zum Beispill war de Guckuck fir déi Aarbecht zoustänneg, an Däitschland war et den Ouschter-Fuuss, de Storch oder den Hunn. An Australien, also déi aner Säit op der Welt, krut den 'Easter-Bunny' Ënnerstëtzung vum 'Easter-Bilby', enger Mëschung aus Mini-Känguru a Maus. Ouschteren ass an der Kierch jo d'Fest vun der Operstéiung vum Jesus, wat huet dat dann elo mam Hues ze dinn?

Eng méiglech Erklärung kéint de gréngen Donneschdeg bréngen, op deem, wéi schonn erkläert, d'Baueren hir Hären hu misste bezuelen, dat dacks a Form vu Liewensmëttel wéi Kanéngercher an Eeër. Wa mer nach e bësse méi wäit zeréck ginn, war den Hues fréier och e Symbol fir d'Fréijoer. D'Fest gouf och um éischte Sonndeg vum Vollmound am Fréijoer gefeiert, d'Gëttin Ostara steet fir d'Erwäche vun der Natur an den Ufank vun neiem Liewen. Et heescht, den hellege Moundhues, deen am Vollmound ze gesinn ass, ass d'Déier, also d'Symbol vun der Fréijoersgëttin. Bei eis heiheem ass den Hues dat Déier an der Natur, wat säin Nowuess als éischt am Joer kritt. Ouschteren an den Hues hate fréier eng ganz aner Bedeitung an do läit et dann och op der Hand, dass d'Ee d'Fruchtbarkeet representéiert huet. Rout gefierften Eeër hunn d'Traditioun vu jonke Meedercher symboliséiert, déi am Fréijoer mat der éischter Menstruatioun d'Fruchtbarkeet gefeiert hunn. D'Kierch huet rout gefierften Eeër als Symbol vum Leed a Blutt Christi verkaf.

Am Reportage vum Michèle Schons gitt Dir nach méi iwwert d'Ouschterfest hautzedaags gewuer.