De Ryan Santos, Marc Elsberg an Ivan Labalestra
Am Live! Planet People goung ëm Fotoen aus aller Welt, e Klima-Thriller a Video-Performancen.
De Ryan Santos ass zum passionéierte Fotograph ginn, nodeems hien e schwéieren Accident hat. Mat knapps 22 Joer huet hie scho villes erlieft. Eng Erfarung, déi hie markéiert huet, war seng Zäit op Bali. Hie wollt sech ganz eleng en Challenge vun engem Mount setzen, wat awer éischter an déi falsch Richtung goung. Hien ass do iwwerrannt ginn. Um Wee zeréck op Lëtzebuerg huet hie säi Liewe komplett iwwerduecht a wollt beweisen, dass een alles erreeche kann, wann ee just wëll. Haut huet de Ryan mat senge Fotoen aus aller Welt 43.000 Follower op Instagram a gëtt säi Message un aner Jonker virun.

De Ryan Santos.
De Marc Elsberg ass en Auteur vu Wien, deen elo e Thriller iwwer de Klima geschriwwen huet. Als jonke Mënsch konnt hie gutt zeechnen, an un d'Schreiwen huet hie sech eréischt méi spéit ginn. An der Etapp dertëscht war hie Strategieberoder a Kreativdirekter fir Publicitéit zu Wien an Hamburg, a parallel Kolumnist vun der Zeitung "Der Standard". Seng Bicher Blackout, Zero an Helix hu sech milliounemol verkaaft. A mat "Der Fall des Präsidenten" huet hien e Politthriller geschriwwen. Mat C° - Celsius ass e neie Bestseller virprogramméiert. Den Auteur schreift an der Preface: "Wer das Klima beherrscht, regiert die Welt!"

De Marc Elsberg.
Den Ivan Labalestra ass e Videoperformer, deen zu Saarbrécken en éischte Präis gemaach huet. De Concours vun der "Hochschule der Bildenden Künste" (HBK) Saar, de Peter a Luise Hager-Preis, stoung ënner dem Motto "üben". Dozou muss ee wëssen, dass den Ivan déi 5.000 Euro Präisgeld an eng Expo zu Berlin gewonnen huet, ouni ze üben. Hien huet säi Video "In die Ausstellung kommen" bei der éischter Kéier an der Këscht gehat, an de Jury war begeeschtert vum 25 Joer ale Kënschtler, dee fir d'éischt Produktdesign studéiert huet, ier hien op Performance a Video ëmgesuedelt ass.

Den Ivan Labalestra.
All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.