"Wéi eng Kiermes a mengem Kapp"

© Annika Fußwinkel
Mat 29 Joer kritt d'Angelina Boerger d'Diagnos: Dir hutt ADHS. Fir déi däitsch Journalistin kee Schock, mee eng Erliichterung.
Wann een un ADHS - also Aufmerksamkeits-Defizit-Hyperaktivitäts-Störung denkt, kënnt engem dacks dëst Bild an de Kapp: E klenge Bouf, wibbeleg, schaukelt um Stull a stéiert an der Schoul vill de Cours. ADHS ass awer eng neurologesch Stéierung, déi souwuel Kanner wéi Erwuessener kënnen hunn, an dat och egal ob weiblech oder männlech. Ma grad well ADHS esou vill verschidde Facetten huet, gëtt d'Stéierung dacks guer net diagnostizéiert. An dat ass besonnesch bei Meedercher a Fraen de Fall.
Esou war et och beim Angelina Boerger. Déi däitsch Journalistin war als Kand schonn dacks verpeilt, wéi si et nennt. Permanent huet si de Bus verpasst, war dacks ze spéit, konnt einfach net ophale mat babbelen an ass vun enger Iddi op déi nächst gesprongen. Dat ass och an der Pubertéit bliwwen an huet sech bis an d'Erwuessenenalter gezunn. An hiren 20er Jore mierkt si, dass Haushalt, Aarbecht a ganz normal alldeeglech Aufgaben si séier iwwerfuerderen.
Hëllef brauchen, ouni ze wësse wisou
Aus Angscht virun engem Burnout sicht d'Journalistin sech Hëllef bei enger Psychotherapeutin. Hir Schwieregkeete si bekannt, si wëll eigentlech just Strategie léieren, wéi si méi stressresistent ka ginn a méi Leeschtung brénge kann. Vun enger Diagnos gëtt net geschwat.
D'Angelina vergësst ëmmer nach vill, ass verpeilt an de Kapp schafft permanent op Héichtouren. Zënter si de Fürerschäin huet, ass si net méi mam Auto gefuer, well et einfach onvirstellbar fir déi jonk Fra ass, sech gläichzäiteg op esou vill Saachen iwwert eng gewëssen Zäit ze konzentréieren.

© Annika Fußwinkel
Et schéngt fir si sou, wéi wann déi normaalste Saache fir si einfach ze schwéier sinn, wéi e Rendez-vous beim Dokter maachen, Rechnunge mat Zäite bezuelen oder banal Entscheedungen treffen. Sou brauch d'Journalistin 30 Minutte fir ze entscheeden ob si mat hirem Partner mam Hond spadséiere geet oder hien eleng goe soll. An dat ass just ee Beispill vu Villen.
"Et ass wéi eng Kiermes a mengem Kapp. Mäi Kapp ass wéi e Karussell, deen net ophält mat dréinen. Dann all déi staark Emotiounen, wéi op enger Achterbunn. Déi schlecht an donkel Momenter erënnere mech un d'Geeschterbunn an de richtege Wee fannen, ass wéi an engem Spigelkabinett. Wéi eng Kiermes voller Faarwen, Kaméidi a Reizer am Iwwerfloss."
Den Owend, deen alles geännert huet
Enges Owes sëtzt d'Angelina zesumme mat hirer Mamm bei enger Tëleessendung am Publikum. Hei erzielt eng jonk Psychologie-Studentin vun hirem Liewe mat ADHS. Wat d'Studentin méi erzielt, wat dem Angelina Boerger méi bewosst gëtt: Déi Fra beschreift grad méi Liewen.
Iwwerzeegt dovunner endlech den Ursprong vun hirem "Anescht ticken" fonnt ze hunn, entscheet si sech fir eng ganz Diagnostik. 9 Méint méi spéit mat 29 Joer huet si et schwaarz op wäiss: Et ass ADHS.
"Ech hätt kënnen déi ganz Welt ëmäermelen"
Ze wëssen, dass et net hir Schold ass, dass et net un der Intelligenz läit oder einfach Lidderegkeet ass, ass fir d'Angelina eng riseg Erliichterung. "Et war wéi e Boost. Wéi e richtege Motivatiouns-Schub."
Diagnos war fir d'Angelina kee Schock, mee eng Art Neistart. Si versteet, dass hire Kapp einfach anescht tickt, dat awer net onbedéngt e Problem ass. Mat Strategien a Skills am Gepäck léiert si hir Art a Weis ze denken ze akzeptéieren. Wéi si sech am Internet awer op d'Sich no Informatioune mécht, fënnt si am däitschsproochege Raum net vill respektiv näischt Aktuelles. Amplaz dat ze akzeptéieren, entscheet d'Angelina: Dann klären ech ebe selwer op.
Haut huet si en Instagram-Account mat méi wéi 53.000 Abonnenten a bal 300 Posten. Wat ass ADHS? Wéi erkennt een et? Wou kritt een Hëllef? Nëmmen e puer vun de Sujeten, déi d'Angelina hei opgräift. Dacks gëtt et awer och perséinlech an och mol méi witzeg.
Besonnesche Wäert leet si drop, net nëmmen d'Problemer mat ADHS ze erklären, mee och op d'Chancen opmierksam ze maachen.
ADHS a seng positiv Aspekter
Jo, ADHS bréngt Konzentratiounsproblemer mat sech. Et leeft dacks mol eng schif an och en emotionale Breakdown ka méi intensiv sinn, wéi ouni ADHS. Mä et ginn och positiv Säiten.
"Emotional méi sensibel ze sinn, kann och vu Virdeel sinn, well ee méi empfänglech fir Gefiller ass. An och d'Reizüberflutung bréngt mat sech, dass ech mol Saache matkréien, déi anerer komplett ausblennen. E grousse Virdeel ass dann d'Kreativitéit. Ech spruddelen nëmmen esou vun Iddien, et muss een da just déi richteg Strategie fannen, fir se och ëmsetzen. Dat "anescht Ticken" oder "Out of the Box"-Denke gëtt och an der Gesellschaft gebraucht."
Sou huet d'Angelina elo och hir Kreativitéit an hir Léift zum Schreiwe genotzt an e Buch iwwert ADHS am Erwuessenenalter geschriwwen. Hei erzielt si vun hirem eegene Wee bis hin zur Diagnos, erkläert awer och d'Neurodivergenz a wisou ADHS bei Fraen a Meedercher dacks net oder immens spéit diagnostizéiert gëtt.
D'Buch "Kirmes im Kopf - Wie ich als Erwachsen herausfand, dass ich AD(H)S habe"ass elo schonn e Spiegel-Bestseller.