Lëtzebuerger Scouten hëllefen am Nepal
1989 hunn d'Scoute vun der FNEL hir eegen ONG gegrënnt a sinn zanterhier an der Entwécklungshëllef aktiv.
Aktuell ass e Grupp am Nepal ënnerwee, wou d'Scouten zanter 30 Joer mat verschiddene Projeten d'Populatioun ënnerstëtzen – dat an Zesummenaarbecht mat lokale Partner. Participanten tëscht 16 a 50 Joer notzen d'Ouschtervakanz, fir op der Plaz eng Hand mat unzepaken. Et wier eng eenzegaarteg Erfarung, seet de Philippe Berscheid, Chef vum Camp. D'Aarbecht um Terrain hätt besonnesch wärend der Pandemie gefeelt. Ëmmerhi wieren esou Reesen eng Opportunitéit fir den Horizont ze erweideren an nei Kulture kennen ze léieren. Am Interview erzielen eis d'Nora Heinen Sendel an de Philippe Berscheid méi iwwer hir Erfarungen am Nepal.