Harry hëlt u Feierlechkeeten deel - Meghan kënnt net

© AFP (Archiv)
De 6. Mee ass déi offiziell Kréinung vum Kinnek Charles III. Méintelaang war driwwer spekuléiert ginn, ob de Prënz Harry a seng Famill deelhuelen oder net.
E Mëttwoch huet d'Kinnekshaus matgedeelt, datt de Prënz Harry ouni seng Fra Meghan un der Kréinung vu sengem Papp, dem Kinnek Charles III., wäert deelhuelen. Et géif ee sech freeën, d'Participatioun vum Prënz Harry ze confirméieren, heescht et aus dem Buckingham Palace. Seng Fra Meghan wäert mat den zwee gemeinsame Kanner - Prënz Archie a Prinzessin Lilibet - a Kalifornien an den USA bleiwen.
Iwwert d'Participatioun vum Harry a senger Famill war méintelaang spekuléiert ginn. D'Verhältnis zu de Royals ass no de ville Reprochen aus der Vergaangenheet extrem ugespaant.
D'Kréinung vum Kinnek Charles a senger Fra Camilla ass de 6. Mee an der Londoner Westminster Abbey. Eng 2.000 Gäscht wäerten dobäi sinn.
Et wäert déi éischte Kéier sinn, dass den Harry seng Famill gesäit, zanter dass hie seng Biographie publizéiert huet. De 6. Mee ass iwwregens och de 4. Gebuertsdag vu sengem Jong Archie.