Déi gebierteg Weelzerin Fabienne Feltus huet déi éisträichesch Haaptstad schonn ëmmer spannend fonnt.

Esou huet si dunn och decidéiert, nom Studium op der Konscht-Uni zu Wien einfach do ze bleiwen.

"Wien schléift nach bëssen an ass e bëssen hannendrun, mee dat ass och ganz spannend am kreative Beräich, well een do nach vill ka bewierken", erzielt eis déi Lëtzebuerger Grafik-Designerin Fabienne Feltus. Mir hu si zu Wien besicht – hiert zweet Doheem, wou si mat Mann a Kand lieft.

Mat hirem Mann huet si och eng eegen Agence gegrënnt, an där si zanter méi wéi 10 Joer als Team zesumme schaffen. Si entwéckelen ënnert anerem den Design, Logo oder Illustratioune fir Entreprisen an hir Produiten. Konscht ass omnipresent, an hirem Büro genee sou wéi an hirem Liewen.

Déi grouss kulturell Offer zu Wien géing d’Fabienne begeeschteren. "Ech hu bei all Musée bal eng Joreskaart", esou d’Fabienne, "et gëtt och Operen, Museksveräiner, Theater – also do ass wierklech de volle Programm". Inspiratioun fënnt si och an der Architektur, grad bei den ale Gebaier, déi si als "phenomenal" beschreift. Wien a säi Charme als "Tor zum Osten" hunn et dem Fabienne ugedoen. Kéint si sech virstellen nees zréck op Lëtzebuerg ze kommen?

Ënnert anerem op déi Fro äntwert d'Fabienne Feltus am Reportage vum Mady Lutgen.